Thema FitnesszenterenVill Leit waren nom Lockdown manner fit

RTL Lëtzebuerg
Sport ass net nëmme fir déi kierperlech Gesondheet wichteg, mä och fir déi mental. D'Fitnesszentren hu jo wärend dem Lockdown missen zou bleiwen.
Fitnesszenteren zu Lëtzebuerg
Vill Leit waren nom Lockdown bedeitend méi schwéier.

Vill Leit hunn du manner Sport gemaach, wéi virdru gewinnt. An de Fitnesszentren hätt ee gemierkt, datt d'Kierperfett allgemeng bei de Leit an d'Luucht gaangen ass.

Doheem Sport maachen ass einfach net dat selwecht. Dacks feelen déi néideg Apparater, fir kënne richteg ze schaffen. Där Meenung ass och d‘Athenais. Si war frou, fir nees kënnen an de Fitness ze kommen. Natierlech hätt een an der Zäit ofgebaut an deen een oder anere Kilo bäigeluecht, well en eben e ganz anere Rhythmus am Lockdown hat. Et wier een anescht opgestanen, wier manner gestresst gewiescht – dat alles géing dozou bäidroen.

D'Gewiicht ass net nëmmen an d'Luucht gaangen, ma d'Gesondheet huet allgemeng gelidden. Zemools bei eelere Leit. „Et packt een net méi dat, wat ee virdru gepackt huet“, erkläert de Jos Horsmans vum CK Fitness. Déi meeschten hätten elo op engem ganz aneren Niveau nees ugefaangen, wéi virun der Pandemie. D'Magermasse wier bei villen erofgaangen, d'Kierperfett dofir an d'Luucht an et wier een net méi esou beweeglech. Et hätt een dofir missen de Clienten hir Programmer adaptéieren, fir datt si emol nees dohinner kommen, wou si virdru waren.

D'Leit si wärend dem Lockdown dacks weider trëppelen oder Vëlo fuere gaangen. Dat ass zwar fir d'Ausdauer gutt, mee hëlleft der Muskulatur net onbedéngt. De Ben Moes ass Kiné an hat an der lescht mat immens vill Fussballspiller ze dinn, déi entweder mat muskuläre Blessure koumen oder Problemer mam Knéi haten. Dat léich virun allem dorunner, datt d'Spiller an den ënneschten Divisiounen net hunn dierfe spillen an amplaz just lafe gaange sinn. D'Charge an de Matcher wier awer méi héich, ma well de Kierper e bësse méi schwaach ass wéi virum Lockdown, kéim et elo dacks zu eeschte Blessuren. Wéinst de Restriktiounen hätte sech och eng Rëtsch Leit net méi an de Fitness getraut, esou hätt ee vill Clienteë verluer. Dat Vertraue misst elo nees opgebaut ginn.

Back to Top
CIM LOGO