
Virop gëtt bedauert, datt d'ëffentlech Consultatioun op der Beetebuerger Gemeng an d'Summerpaus fält, vill Organisatiounen hätte sou net d'Méiglechkeet ze reagéieren. Dës Woch lafen d'Delaien of, fir schrëftlech oder mëndlech Objektiounen eranzereechen.
Da gëtt sech d'Fro gestallt, firwat bei Privatleit sensibiliséiert gëtt, wann op der aner Säit e Betrib autoriséiert gëtt, deen esou vill Waasser verbraucht wéi eng Stad mat 18'000 Awunner, an derbäi kéim nach d'Ofwaasser.
D'Ëmweltorganisatioun gesäit et kritesch, datt et keng Analysen zu den ökologesche Suitte vum Klärwaasser fir d'Uelzecht gëtt. Gouf eng allgemeng Etüd iwwer den Impakt op Waasser, Fauna a Flora gemaach? Wéi gëtt de Waasserpräis beaflosst a wat sinn d'Käschte fir Kompensatiounsmesuren? Dat si weider Froen, déi am Communiqué opgeworf ginn.
Lëtzebuerg krit säi Bedarf u Mëllech a Mëllechproduite gedeckt. Firwat also eng Jughurtsfabrick am Plaz e gezielten Ubau vun Uebst a Geméis?
All dës Froe misste gekläert sinn, iert den éischte Spuedestéch zu Beetebuerg gemaach gëtt, fannen d'Vetrieder vun natur&ëmwelt.
RTL: "Bierger kréien Abléck an den Dossier Fage"