PoliceVill Persounen hu sech nees alkoholiséiert hannert d'Steier gesat

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem goufen 91 Chauffeure bei enger Kontroll um CR144 zu Kanech kontrolléiert. 4 Leit ware positiv, 2 Permise goufen nach op der Plaz agezunn.
© RTL Archiv

Da gouf eng opfälleg Persoun, déi Schlaangelinn gefuer ass, géint 4 Auer moies an der Rue de la Semois zu Hollerech gestoppt. Den Alkoholtest war positiv, den Auto gouf immobiliséiert.

An der Avenue Guillaume zu Hollerech ass et enger Persoun géint 1 Auer am Auto schlecht ginn, dat war der Police opgefall, well hei d'Dier vum stoende Won opstoung. De Permis war de Mann lass. Spéider koum eraus, dass géint de Mann schonn e Fuerverbuet virlouch.

Um Boulevard Grand-Duchesse Charlotte da war een Automobilist mat 86 am Plaz den erlaabte 50 ënnerwee. De Permis gouf agezunn, dat well den Alkoholtest positiv war.

Op der A6 war dann nach eng Persoun a Richtung Belsch ënnerwee, dat awer och vill ze séier an ënner Alkoholafloss. De Mann gouf protokolléiert.

Da koum et nach zu Iechternach zu engem Accident bei deem een Auto deem aneren hannendrop gefuer ass, wéi e Foussgänger iwwert d'Strooss gelooss gouf. Spéider koum eraus, dass Unzeeche vun Alkohol oder Drogekonsum festgestallt goufen. D'Persoun koum an d'Spidol, fir e Blutttest gemaach ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO