
Op der Streck tëscht Éiter a Bous kënnt et ëmmer nees zu méi uergen Accidenter. Dofir gouf op der Héicht vum Plaitrengerhaff dann och e fixe Radar installéiert, fir dass do net méi sou soll gerannt ginn.
D'Police huet um Méindeg dann nach eng zousätzlech Vitesskontroll gemaach, fir ze kucken ob sech un déi virgeschriwwen 90 km/h gehale gëtt. D'Kontroll war net vu Muttwëll, well direkt 16 Automobiliste sinn ze séier laanscht d'Policekontroll gerannt. 10 dovunner huet et 2 Punkten um Führerschäin kascht. Si ware mat tëscht 120 an 140 km/h op der N28 ënnerwee.