D'Problemer vum Land géifen zum Deel net ugepak ginn, dat sot de Marc Goergen, Partei-Koordinator vun de Piraten. Esou misst zum Beispill de Staat garantéieren, datt méi gebaut gëtt an een esou de Logementsproblem endlech an de Grëff kritt.
Och d'Handwierksbetriber misst een entlaaschten. D'Wirtschaftspolitik misst Aarbechtsplazen fir jidderee generéieren, esou de Piraten-Deputéierten. Den Ament huet d'Partei 3 Gemengeréit an 2 Deputéiert an der Chamber.
20 Motiounen a 6 Gesetzprojeten goufen an der Chamber deposeiert.