Voll Plagen um StauséiVill Protokoller an zäitweis gouf Zougang vu Police gespaart

RTL Lëtzebuerg
Niewent 17 Protokoller wéinst Drogebesëtz a Konsum, huet d'Police och 2 mol wéinst Waffebesëtz agräifen.
© Domingos Oliveira

D'Parkingen zu Ënsber a Lëlz ware saturéiert, wéi d'Police matgedeelt huet. D'Beamten hunn den Trafic kontrolléiert.

Beim gudde Wieder hu sech de Weekend wéi erwaart vill Leit op de Wee op Ënsber, Lëlz an Ëmgéigend gemaach, fir den Dag um Stauséi ze verbréngen.

Ma schonn ëm d'Mëttesstonne waren d'Parkplazen an den Uertschaften an der Géigend vum Stauséi komplett iwwerlaascht. Um 14 Auer waren d'Plaze vum Séi bei Ënsber a Lëlz komplett besat, ma et wollten ëmmer nach méi Leit op d'Plaze kommen. Iergendwann gouf aus Sécherheetsgrënn den Zougang fir weider Visiteuren zougemaach, dat a Koordinatioun mat de Gemengen. Eréischt no 17 Auer huet sech den Undrang geluecht an d'Plaze konnten nees opgemaach ginn.

Um Stau selwer gouf awer och kontrolléiert, dat ënnert anerem mat Hënn, fir sécherzestellen, dass d'Reegelen um Séi agehale ginn. 16 Protokoller goufe wéinst Drogebesëtz a Konsum, 2 Mol goufe Protokoller wéinst Waffebesëtz ( 2 Messer an 1 Elektroschocker) geschriwwen. D'Saache goufen natierlech confisquéiert.

Iwwer déi 2 Deeg goufen et och Protokoller, well Leit a Schutzzonen um Stauséi calméiert hunn a mam Boot ënnerwee waren. 80 Persoune goufen an deem Zesummenhang verwarnt an hu misse bezuelen. D'Police erënnert, dass den neie gratis Parking "Am Kéilert" zu Ënsber gratis ass.

D'Police ënnersträicht dann och, dass et wärend der ganzer Summerzäit verstäerkt Presenz a Kontrolle wäerte ginn.

Back to Top
CIM LOGO