ACL, Ponts et Chaussées, TramVill Traffic, mee d’Wieder huet net iwwerall zu méi Asätz gefouert

Monica Camposeo
Tim Morizet
Och ouni Alerte Rouge war um Donneschdeg de Moien op de Stroossen eng méi lass.
Nom Schnéi op eise Stroossen
Och ouni Alerte war um Donneschdeg de Moien op de Stroossen eng méi lass.

Et gouf en zolitte Beruffstraffic an zum Deel waren eng ganz Rei Busser komplett ausgefall. Och den Tram hat seng Schwieregkeeten, duerch déi wanterlech Wiederkonditiounen ze kommen.

Op eise Stroosse war eng méi lass - Reportage Monica Camposeo

Beim ACL par contre goufen et virun allem e Mëttwoch bal 40 Asätz, manner wéi soss an der Moyenne pro Dag. Dat sécherlech och, well duerch d’Alerte Rouge manner Leit ënnerwee waren. Um Donneschde war nees bësse méi lass. D’Personal huet wéinst dem Schnéi awer net méi missen opgestockt ginn. Um hallwer 7 huet d’Fréischicht ugefaangen, dorënner och den Hervé Spengler. Hien ass Mecanicien an Depanneur beim ACL. Mat him waren nach weider 18 Chaufferen ënnerwee. Wéinst dem ville Stau hätt et zum Deel méi laang gedauert, fir bei d’Clienten ze kommen. Ma dacks hu Leit aus hirer Afaart missen erausgezu ginn oder den Auto war vun der Strooss an de Gruef gerutscht. Zousätzlecht Personal wier fir en Donneschdeg net néideg gewiescht, erkläert de Responsabele vum Service Routier, den Tom Kridel. 81 Interventioune gouf et bis 13 Auer. Domadder rechent den ACL, och wann et en Donneschdeg de Mëtteg méi roueg war, zum Schluss vum Dag op méi Asätz ze kommen ewéi e Mëttwoch. Do waren et der 105.

Bei Ponts et chaussées huet een och gemierkt, dass en Donneschdeg däitlech méi Leit bei de schwierege Wiederkonditiounen ënnerwee waren. 3.000 Kilometer huet de Reseau vun de Stroossen, fir déi de Staat zoustänneg ass. Do ka streeë scho Mol méi laang daueren, esou de Roland Fox, Direkter vu Ponts et chausséec. Dass et ëmmer weider geschneit huet, huet natierlech och eng Roll gespillt.

Dat huet och beim Tram fir Problemer gesuergt. De Grond dofir war e Problem mam Stroum, deen duerch d’Wiederkonditiounen opkomm war. Den André Von der Marck, Generaldirekter vu Luxtram, huet dat esou erkläert, dass dat automatescht Oplueden net méi fonctionéiert huet. Dëse Problem am Stater Zentrum huet mat sech bruecht, dass zwou Ramme platt waren an net méi konnten opgeluede ginn. Dowéinst hu se missen ersat, an de Verkéier wärenddeem ënnerbrach ginn. Knapp zwou Stonnen drop konnt den Tram awer nees weiderfueren.

Back to Top
CIM LOGO