Zanter 2018 ass d’Gebai klasséiert, an deem fréier de Sëtz vun RTL war an dono de Gesondheetsministère. Elo soll et eng Plaz ginn, wou produzéiert a geschaaft ka ginn, mat Proufsäll, Studioen, an Atelieren.
Donieft soll och de Grand-Public erëm vum Gebai kënne profitéieren, mat ënnert anerem Concerten am groussen Auditoire an engem Restaurant. D’Gebai wat eng ganz rare Architektur huet, gëtt renovéiert an isoléiert, ma och baussent dem Gebai ginn Aarbechte gemaach, do soll zum Beispill en klengen Amphitheater hikommen. Bis elo rechent een mat engem Budget vun 70 Milliounen an viraussiichtlech soll de Chantier Mëtt, respektiv Enn 2029 fäerdeg sinn.