
An deem Kontext huet d'CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt eng urgent parlamentaresch Fro un d'Gesondheetsministesch gestallt.
An hirer Äntwert preziséiert d'Paulette Lenert, datt d'Police bis ewell näischt vun esou Infraktioune weess. Wien awer Informatiounen iwwert esou e Virfall hätt, soll dat mellen.
Dernieft erënnert d'Ministesch, datt et deels zolidd Strofe gi fir esou Infraktiounen.