29. Dezember 1930Viru 90 Joer krut Radio Luxembourg seng Lizenz

RTL Lëtzebuerg
Et hat alles mat enger Amateur-Funk-Statioun ugefaang, déi 2 Bridder, déi an der Stad e Foto- a Radiosbuttek haten, vun hirem Späicher aus bedriwwen hunn.

Aus hirem Buttek an der Rue Beaumont hunn de François an de Marcel Anen vun 1924 u Musek vu Placke gespillt a Reklamm fir hiert d'Geschäft gemaach.

Si hunn ee Joer méi spéit eng Asbl "Radio Luxembourg" gegrënnt.

Den Erfolleg vun de Bridder hat sech och a Frankräich erëmgeschwat. Wéi 1927 just staatlech Sender do eng Lizenz kruten, si vill Radiosleit an de Grand-Duché geplënnert.

Si hunn eng Societéit gegrënnt, de Bridder Anen hir Rechter ofkaaft a kruten den 29. Dezember 1930 eng exklusiv Lizenz fir hire Radio Luxembourg.

Den neie Privatsender zitt an d'Villa Louvigny. All Dag ginn et vun 19 bis 23 Auer Musek an Noriichten op Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch.

1933 gëtt et Radio Luxembourg och op Englesch.

Back to Top
CIM LOGO