28.12.2020Virun engem Joer gouf déi éischt Persoun hei am Land géint Corona geimpft

Diana Hoffmann
Christophe Hochard
"Et ass e Privileeg", sot deemools d'Catarina Fernandes, nodeems si als éischt Persoun hei am Land gepickt gouf.
Virun engem Joer gouf déi 1. Persoun geimpft
“Et ass e Privileeg”, sot deemools d’Catarina Fernandes, nodeems si als éischt Persoun hei am Land gepickt gouf.

Genee ee Joer ass et hier, datt zu Lëtzebuerg déi éischt Covid-Impfunge gemaach gi sinn. Deemools war déi grouss Hoffnung, op d’Liicht um Enn vum Tunnel. Elo stécht ee matzen an der 4. Well. D’Situatioun an de Spideeler bleift ugespaant: mat mol rouege Phasen, mol stressegen. 1,1 Milliounen Impfunge goufen am Grand-Duché (Stand 28. Dezember) am Zesummenhang mat Corona gemaach, ronn 450.000 Leit si fäerdeg geimpft.

Ee Joer Ausnamesituatioun an et geet weider. Wou sti mer?

“Virun engem Joer ware mer alleguerte frou, well mer e Liichtbléck gesinn hu mat der Impfung. Et huet ee geduecht, datt een iergendwann an deem nächsten hallwe Joer d’Krankheet géif ausbremsen”, seet den Dr. Serge Meyer, Chef vun der Corona-Krisencellule am Centre Hospitalier Emile Mayrisch zu Esch. Dës Hoffnung huet sech och zum Deel erfëllt, well d’Zuel vun de Patiente mat schwéiere Krankheetsverleef no den Impfungen däitlech erofgaangen ass. Ma sou Réckschléi, déi ëmmer erëm kéimen, wéi elo rezent duerch d’Omikron-Variant, déi zu deem hin an hier mat neie Mesurë féieren, géinge richteg zermürben.

Wéi de Serge Meyer haut virun engem Joer seng éischt Impfung kritt huet, hat hie genee wéi all d’Leit am Gesondheets- a Fleegesecteur schonn 10 ustrengend Méint an der Klinik wéinst der Pandemie hannert sech. Eréischt zanter Kuerzem géing een den Effet duerch d’Impfung an der Bevëlkerung wierklech spieren.

“Eng richteg Entlaaschtung hu mer gesinn, wéi déi 4. Well komm ass. Et gesäit een, mer si bei Inzidenz-Zuelen, déi ganz änlech si wéi déi virun engem Joer, awer mat engem Véierels vun de Leit, déi am Spidol sinn. Meeschtens hu si dann nach keen all ze dramatesche Krankheetsverlaf”, ënnersträicht de Serge Meyer.

1. Covid-Impfung / Rep. Diana Hoffmann

Eng Enttäuschung fir vill Leit gouf et trotzdeem. Deen Ament, wou kloer ginn ass, dat och Geimpfter kënnen de Virus kréien a weiderginn, an dofir fir jidderee Mesuren en place bliwwe sinn. Trotzdeem bleift Impfen de Schlëssel, fir vulnerabel Leit ze schützen an dobäi schnellstméiglech eng Häerdenimmunitéit z’erreechen. Dat ass de Fall, wann 90 Prozent vun der Bevëlkerung immuniséiert sinn.

“D’Primo-Vaccinatioun bleift nach ëmmer prioritär. D’Leit solle sech impfe loossen. D’Chiffere weisen nach ëmmer an all de Fäll, datt d’Impfe Sënn mécht, fir e schwéiere Krankheetsverlaf z’evitéieren”, betount de Luc Feller, Haut-Commissariat à la protection nationale, deen d’Koordinatioun vun de Covid-Impfzentere mécht. Den Ament loosse sech 4.000 bis 5.000 Leit d’Woch eng éischt Kéier impfen. Et géing een awer hoffen, datt dee Chiffer nach weider an d’Luucht geet, sou de Luc Feller.

Och d’nächst Joer wäert de Covid weider beschäftegen. Fir vill Leit geet et dann ëm d’Opfrëschungsimpfung. Eng 100.000 Invitatiounen heifir ginn an den nächsten Deeg erausgeschéckt. Vum 10. Januar u mécht dofir och den Impfzenter an der Luxexpo um Kierchbierg viraussiichtlech fir 2 Wochen nees seng Dieren op.

Trotz allen deenen Efforte misst een awer soen, datt mer de Virus, nach esoubal net wäerte lassginn, seet den Dr. Serge Meyer. Ma iergendwa gëtt en zu enger Bagatelle. Warscheinlech net méi, wéi eng kleng Erklärung. An do hoffe mer sécher alleguerten, datt dat besser haut wéi muer wäert sinn.

Éischt Persoun zu Lëtzebuerg geimpft - Artikel vum 28.12.2020

Back to Top
CIM LOGO