Zënter e Méindeg de Mëtteg 12 Auer un ass den Impfzenter an der Hal „Victor Hugo“ um Lampertsbierg op a Punkt véierel op 12 war et du souwäit.
“Et ass e Privileeg”, dat sot d’Catarina Fernandes, nodeems d’Piqûre gemaach war. Et huet net méi wéi e puer Sekonne gedauert, ma et ass e symboleschen Akt fir de Grand-Duché, mat deem een offiziell d’Impf-Campagne lancéiert huet. Zanter 10 Méint schafft déi 40-Joer al Infirmière mat portugiseschen Originne schonn un der Front mat Covid-Patienten an ass bis ewell negativ bliwwen. Ass d’Catarina Fernandes, Infirmière a Cheffin vun der Unitéit vum nationale Service vun de Maladies infectieuses, erliichtert?
“Jo! Effektiv! Fir mech selwer sinn ech méi berouegt, dass ech eng Protektioun kréien, eng natierlech Protektioun iwwert eng Impfung an dass mir net de Virus musse kréie fir protegéiert ze sinn. Et weess een nämlech, dass ee mam Virus grave Komplikatioune ka kréien. An fir eis ass et eng Berouegung am Alldag, well mer all Dag an de Service mussen eragoen, dass mer och protegéiert sinn. An och wann een doheem ukënnt, dass mer do och protegéiert sinn an net kënnen ee „Porteur sain“ vum Virus sinn, well et ginn der jo déi krank waren, ouni Symptomer.”
Fir den 28 Joer ale Kevin Nazarro, een Infirmier, deen all Dag aus Frankräich op Lëtzebuerg pendelt, ass et eng Éier, fir dierfen als zweete geimpft ze ginn.
D’Vaccinatioune ginn ënner anerem vu Leit aus der Réserve sanitaire gemaach. Déi alleréischte Coronavirus-Impfung gouf vun der Infirmière Marianne Thomas gemaach, déi den Ament an der Preretraite ass a virdru 40 Joer am Ettelbrécker Spidol geschafft huet.
“Et war opreegend muss ech soen. Ech hunn scho vill Sprëtze gemaach, mee ech mengen dat do war elo eng Opreegung, well een dat net gewinnt ass, mä soss... ech mengen, dat ass eng normal kleng Sprëtz, dat ass keng grouss Affär. Wei dat public gemaach ginn ass, dunn hunn ech mech direkt gemellt, well ech an der Preretraite sinn an Zäit hunn. An ech hunn ëmmer gär als Infirmière geschafft a wollt hëllefen.”
Am Ganze sollen e Méindeg an en Dënschdeg ronn 800 Leit aus dem Spidolssecteur geimpft ginn. 200 all Kéiers aus Spideeler, déi aktuell duerch d’Pandemie ënner Drock stinn.
Fir den Optakt um Méindeg goufen 431 Persounen geimpft, esou de Santésministère en Dënschdeg op Nofro hin. 9 Leit, déi invitéiert waren, hätte sech net presentéiert. „Et besteet eng grouss Impfbereetschaft beim Gesondheets- a Fleegepersonal“, sou de Ministère.
E Mëttwoch ass et dann um Personal aus den Alters- a Fleegeheemer, wou och eng 400 Vaccinatiounen um Programm stinn. Donieft sollen an deenen 3 Deeg och déi Ambulanciere geimpft ginn, déi sech ëm den Transport vu Covid-19 Patiente bekëmmeren.
Et wier momentan schwiereg ze soen, wéi vill Leit kéinte pro Dag geimpft ginn. D’lescht Woch hätt een de ganzen Oflaf scho geüübt, ma e Méindeg géing een ënnert reelle Bedéngung kucken, wéi vill ee kéint impfen, erkläert den Dokter Sébastien Français vu der Santé, deen d’Impfcampagne koordinéiert.
“La capacité c’est très difficile... on pourrait monter jusqu’à 800-1000 personnes par jour s’il y a besoin. Mais on n’est pas du tout fixé sur le type de chiffre-là, puisque notre objectif c’est de nous adapter à la logistique et donc à nos stocks de vaccin. L’objectif n’est pas de vouloir faire 7000 personnes dans un centre tous les jours, mais d’être modulable et d’être adapté.”
Am Ganze ginn et 16 Impf-Kabinnen an der Victor-Hugo-Hal, do kënne bis zu 16 Dokteren an Infirmièren zesumme schaffen. Dat géing een awer jee no Besoin adaptéieren, sou nach den Dokter Sébastien Français.
An der Victor Hugo Hal: Déi éischt zwou Persoune goufen e Méindeg geimpft