Et si ganz schwéier Virwërf, déi beim CIGR Syrdall am Raum stinn. De Chef vum "Centre d’Initiative et de Gestion Regional", deen eng 145 Leit beschäftegt, kritt Harcèlement virgehäit, donieft géing et grav finanziell Mëssstänn ginn. D’Lëtzebuerger Wort schreift souguer vu "Vetternwirtschaft".
D’Gemeng Conter - eng vun de 5 Gemengen am CIGR Syrdall - huet zwou Plainten deposéiert: eng géint de Chef vum CIGR wéinst dem Harcèlement, eng géint "X" wéinst de finanzielle Mëssstänn. Sou hätt de CIGR 760.000 Euro ausginn, fir eng nei Hal ze kafen an ze amenagéieren, woubäi se am Fong just 200 bis 250.000 Euro guttgeheescht kritt hat.
Well d'Mëssstänn spéitstens zanter Mee bekannt waren, awer bis elo nach ëmmer näischt geschitt wier, hat d'Gemeng Conter d’lescht Woch och e Bréif der Direktioun an dem Verwaltungsrot vum CIGR ginn an un den Aarbechtsminister geschéckt.
Den Aarbechtsminister Dan Kersch sot ons op Nofro hin, hien hätt de Bréif vun der Gemeng Conter direkt un de Parquet weiderginn, méi wéilt hien net dozou soen.
D'Buergermeeschtesch vu Conter, d'Marion Zovilé betount: et geet hir net drëm, den CIGR "futti ze maachen", sou wéi dat intern beim CIGR géing behaapt ginn. Der Gemeng Conter wieren awer "esou grav Saachen" erugedroe ginn, datt ee se och "als normale Bierger" misst un de Parquet leeden.
De President vum CIGR Syrdall reagéiert op d’Virwërf géint de Centre d’initiative et de gestion régional.
Wat déi Plainten ugeet, wier et un der Justiz ze tranchéieren, sou de President vum CIGR Syrdall. De Mike Hagen seet: "Mir hunn näischt an der Hand, wat eis elo géing soen, dat stëmmt oder dat stëmmt net". Et hätt ee vollt Vertrauen an d’Justiz.
Wat d’finanziell Mëssstänn ugeet, wiert sech de Mike Hagen, deen och LSAP-Gemengerot zu Jonglënster ass, géint d’Virwërf vun der Buergermeeschtesch vu Conter, Marion Zovilé (CSV). Et wiere wuel Devise gemaach ginn an de Bureau exécutif an de Verwaltungsrot géingen d’Ausgabe fir de Kaf an d’Renovatioun vun enger Hal iwwerpréiwen. Och de Virworf, et wier zanter Méint näischt geschitt, léisst de President vum CIGR net gëllen.