Coronavirus zu LëtzebuergVu 4.050 Tester waren der 1.501 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.010 bleift.
© RTL

Aktuell sinn 42 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 4 Patienten op der Intensivstatioun. E Freideg goufen 179 Re-Infektioune festgestallt. Den Ament ginn et 13.626 aktiv Infektiounen, 184.566 Leit sinn nees gesond.

Am Ganze goufe bis ewell 1.272.284 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 206,64 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 247,81 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,17. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO