
Aktuell si 25 Persounen hospitaliséiert, dovunner 9 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 777.109 Impf-Dosisse genotzt. 418 Leit kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 508 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.