
Aktuell si 38 Persounen hospitaliséiert, dovunner 10 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 769.652 Impf-Dosisse genotzt. 660 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 484 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,09. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.