Coronavirus zu LëtzebuergVu 4.411 Tester waren der 1.709 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.035 läit. En Dënschdeg koum deemno keen Doudesaffer bäi.

Aktuell si 25 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 4 Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.274.980 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 240,36 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 280,15 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,08. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO