Coronavirus zu LëtzebuergVu 6.407 Tester waren der 53 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 818 bliwwen ass.
© RTL-Archivbild

Aktuell si 5 Persounen hospitaliséiert, dovunner 1 op der Intensivstatioun. De leschten Doudesfall gouf den 1. Juni gemellt.

Am Ganze goufe bis ewell 534.876 Dosisse genotzt. 6.045 Leit kruten e Méindeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 1.234 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,92. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO