Coronavirus zu LëtzebuergVu 6.996 Tester waren der 13 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 818 bliwwen ass.
© RTL-Archivbild

Aktuell sinn 9 Persounen hospitaliséiert, dovunner 1 op der Intensivstatioun. De leschten Doudesfall gouf den 1. Juni gemellt.

Am Ganze goufe bis ewell 468.5346 Dosisse genotzt. 5.238 Leit kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 2.552 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,57. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO