Ordonnéiert AlkoholkontrollVu 618 Chaufferen haten der 16 ze déif an d'Glas gekuckt

RTL Lëtzebuerg
Zu Tandel, Gilsdref an zu Dikrech hat d'Police e Sonndeg den Owend op Uerder vum Parquet tëscht 20 an 23.45 Auer Alkoholkontrolle gemaach.
Wéi all Joer ginn an der Ëmgéigend vum Nëssmaart Alkoholkontrolle gemaach.
Wéi all Joer ginn an der Ëmgéigend vum Nëssmaart Alkoholkontrolle gemaach.
© RTL Archivbild

Am Ganze goufen 618 Chaufferen ugehalen. A 16 Fäll war den Test positiv. Dräi Automobiliste louchen allerdéngs iwwert dem erlaabten Taux an hunn op der Plaz mussen hire Führerschäin ofginn.

Back to Top
CIM LOGO