Coronavirus zu LëtzebuergVu 7.357 Tester waren der 102 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 834 läit.
© RTL-Archivbild

Aktuell sinn 32 Persounen hospitaliséiert, dovunner 8 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 775.270 Impf-Dosisse genotzt. 807 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 763 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,9. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO