Gréisser PolicekontrollenVu 76 getesten Automobilisten hat kee gedronk, bei Drogekontroll 6 Leit gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Op 2 Plazen am Land ware Kontrollen. An der Stad gouf gekuckt, ob sech alkoholiséiert hannert d'Steier gesat gouf, zu Ettelbréck war et eng Drogekontroll.
© Police

Tëscht 23 a 24 Auer hat d’Police an der Côte d’Eich op Uerder vum Parquet eng Alkoholkontroll duerchgeféiert. 76 Chauffere goufe gestoppt an hu missen en Otemtest maachen. Kee vun hinne hat eppes gedronk.

Drogekontroll zu Ettelbréck

Net den Alkohol, ma den Drogekonsum stoung e Freideg den Owend bei enger gréisserer Policekontroll zu Ettelbréck am Fokus. A sechs Fäll goufe Chauffere gestoppt, déi ënner dem Afloss vun Droge gefuer waren. Et gouf protokolléiert.
An zwee Fäll war de Bäifuerer am Besëtz vun Drogen. Et goufe ronn 15 Gramm Cannabis sécher gestallt. Zwee Permise goufen nach op der Plaz agezunn, dat well den Alkoholtest dann awer positiv war.

Donieft goufen zwee Automobiliste verwarnt, well si den Handy wärend dem Fuere benotzt haten an et gouf allkéiers eng Verwarnung, eemol well d’Vignette net bezuelt war, d’Kontroll ofgelaf war oder Mängel un de Pneue festgestallt gouf.

Am Ganze ware 45 Poliziste bei dëser Kontroll bedeelegt.

Back to Top
CIM LOGO