
Kuerz no 18 Auer um Samschdegowend ass um Kierchbierg de Poste de Commandement Mobil vun de Pompjeeën opgebaut ginn. Hei gi just d’Asätz ronderëm de Marathon koordinéiert. De Paul Hack vum CGDIS ass fir déi iwwer 200 Secouristen, déi an ganzer Stad verdeelt sinn, verantwortlech. Den Iwwerbléck bei esou engem Asaz ze behalen, ass eng richteg Erausfuerderung. Dowéinst ass de mobile Kommandoposten och esou wichteg. D'Stad ass a véier Secteure agedeelt, fir d'Koordinatioun vun den Unitéiten um Terrain méi einfach ze maachen. An deene 4 Secteure stinn Unitéite vum CGDIS, déi sech net just ëm de Marathon këmmeren, mä och fir d’Sécherheet am Rescht vun der Stad verantwortlech sinn. Well e Feier oder e Verkéiersaccident kann och wärend dem Marathon passéieren.
Wärenddeem d’Pompjeeë sech an der Stad opstellen, gëtt um Kierchbierg de sougenannte Post Medicale Avence ageriicht. Hei ginn d’Leefer, déi op der Streck schwaachgefall sinn, behandelt, éier decidéiert gëtt, ob se an d’Spidol mussen. Net all Patient muss nämlech an d'Spidol, well géif een nämlech dat direkt mat all Patient maachen, wier d'Spidol séier iwwerfëllt an et kéint ee sech net méi ëm déi normal Patiente këmmeren.
Punkt 19 Auer sinn d‘Leefer um Kierchbierg gestart. Vun deem Moment un haten d‘mobil Unitéiten, déi iwwert de Parcours verdeelt waren, vill ze dinn. Iwwer 30 Grad um Kierchbierg an an der Uewerstad hunn d’Pompjeeën direkt am Ufank staark gefuerdert. E grousse Problem ass et virun allem séier bei d‘Patienten ze kommen. Ganz dacks kënnt ee just ze Fous dohin.
Am PMA um Kierchbierg sinn a ganz kuerzer Zäit iwwer 16 Leefer vun den Ambulanzen an de PMA bruecht ginn. Dass direkt am Ufank esouvill Leefer géingen ausfalen, domat hat een net gerechent. Fir der grousser Zuel vu Patient meeschter ze ginn, goufen nach 2 Ambulanzen, déi virdrunner an der Reserve stoungen, agesat.
Géint 21.30 Auer ass et lues a lues méi roueg ginn. Um Knuedler gouf et nach ee méi klenge PMA. Deen ass extra opgebaut ginn, fir de Wee bei de Patient kuerz ze halen. Virun allem, well et dëst d'Kéier e gutt Stéck méi waarm war, wéi déi lescht Joren eng Erliichterung fir d’Pompjeeën an d’Patienten.
Trotzdeem mussen d’Unitéite vum CGDIS esou laang um Terrain bleiwen, bis och dee leschte Leefer an der Luxexpo um Kierchbierg ukomm ass.
Um Enn vum Marathon goufen an deenen zwee Post Medicale Avence 86 Patiente versuergt. 8 Leefer hu missen direkt an d’Spidol bruecht ginn, well hiren Zoustand esou kritesch war, dass se net konnten am PMA behandelt ginn.
Fir déi 14. Kéier war dëst Joer den Nuetsmarathon an der Staat. 16 000 Leefer, honnertdausende vu Spectateuren an net ze vergiessen, all déi Leit, déi gehollef hunn. Iwwer 1.000 Fräiwëlleger hunn och dëst Joer erëm beim Marathon gehollef. Beim Opriichten, beim Ofriichten, ma virun allem wärend der Course. Eng ganz wichteg Roll hunn dobäi déi gespillt, déi sech ëm de Ravitaillement laascht d’Streck gekëmmert hunn. Um Glacis hat d'ASPELS (Association Sports et Loisirs Schifflange) e Stand vum Ravitaillement. Zanter 14 Joer si si mat dobäi, also vun Ufank un.