
Tëscht dem Februar an dem Mäerz dëst Joer ass d'Zuel vun de Chômeuren awer ëm 162 an d'Luucht gaangen, dat ass u sech ongewéinlech. Normalerweis geet d'Zuel do saisonal bedéngt erof.
Eng méiglech Erklärung kéinten nei Aschreiwungen wéinst dem REVIS sinn, dat neit Gesetz vum RMG, dat elo a Kraaft getrueden ass. Donieft ass et dann och nach den Detail, datt 4.293 Persounen hunn am Mäerz vun enger Beschäftegungsmesure profitéiert.