VIDEO: Afrikanesch SchwéngspeschtVu wëlle Schwäin a rosene Baueren

RTL Lëtzebuerg
D'Autoritéiten hunn ëmmer nees betount, dass et bis elo kee Fall vun der Schwéngspescht zu Lëtzebuerg gëtt.
Vu wëlle Schwäin a rosene Baueren
D'Autoritéiten hunn ëmmer nees betount, dass et bis elo kee Fall vun der Schwéngspescht zu Lëtzebuerg gëtt.

Mir hu bis elo kee Fall vu Schwéngspescht zu Lëtzebuerg, dat gouf bis elo ëmmer nees vun den Autoritéiten betount. Dass et awer just eng Fro vun der Zäit ass well net genuch Präventioun gemaach gëtt, doriwwer bekloen sech Bauer a Jeeër.

Elo koum eng Reaktioun vun der Regierung, genee zwou Wochen nodeem op 3 Kilometer iwwert der belscher Grenz bei Messancy een infizéiert Wëllschwäin fonnt gi war.

D'Juegd geet an der Präventiounszone d'ganzt Joer op an de Zonk laanscht d'belsch Grenz, gëtt sou séier wei méiglech ausgebaut.

Et ass sech just liicht mobiliséiert ginn, an der Vergaangenheet. Elo fänkt d'Politik awer un, ëmmer méi op d'Suerge vun de Jeeër an de Baueren am Kontext vun der afrikanescher Schwéngspescht anzegoen.

Nodeems d'Landwirtschaft an d'Jeeër bedauert hunn, datt um politeschen Niveau an do virun allem am Ëmweltministère net wierklech op si an hir Suerge gelauschtert géif ginn, huet de Regierungsrot e Freideg eng Rei Mesurë geholl, déi d'Acteuren um Terrain, och wann net zu 100 Prozent, sou dach e bëssen, dierfte berouegen. Do zum Beispill wat d'Ofschéisse vun den Déieren ugeet.

Schwéngspescht: Rep. Monique Kater / Nadine Gautier

An Zukunft soll nämlech an der ganzer Preventiounszon laanscht d'Belsch bis erof an de Süde vum Land d'Juegd op d'Wëllschwäin dat ganzt Joer iwwer op sinn. Dat war bis ewell net de Fall. Mat där Mesure kéint ee méi Wëllschwäin schéissen, mengt de Landwirtschaftsminister Romain Schneider, a verhënneren, datt sech d’Schwéngspescht weider ausbreet.

En Ausdeenen op dat ganzt Land, wat d’Ëmweltministesch jo net wëllt, ass net virgesinn - dat ass awer dat, wat Convis gären hätt, seet de President Guy Schmit.

D'Jeeër an d'Bauere léichen hei op enger Linn - een Acteur géif dat Ganzt awer blockéieren: Natur- an Ëmweltverwaltung.

E Freideg de Moie gouf am Regierungsrot och festgehal, datt een Zonk laanscht d’Grenz mat der Belsch esou wäit, wéi et geet, dicht gemaach gëtt, fir krank Wëllschwäin dovunner ofzehalen, eriwwer an de Grand-Duché ze kommen. Eppes, wat d’Jeeër an d’Baueren dierft freeën, war dat dach eng vun hire Revendicatiounen.

CONSEIL DE GOUVERNEMENT DU 8 MARS 2019

Résumé des travaux

Le Conseil de gouvernement s'est réuni le vendredi 8 mars 2019 sous la présidence du Premier ministre Xavier Bettel.

Le Conseil a eu un échange de vues au sujet des dossiers de l'actualité politique internationale et européenne.

Le Conseil a approuvé le projet de règlement grand-ducal autorisant la chasse aux sangliers pendant toute l´année dans la zone pour la prévention de la propagation de la peste porcine africaine.
L'ouverture exceptionnelle de la chasse du 1er mars au 15 avril dans les forêts situées dans la zone de prévention de la propagation représente une des mesures complémentaires retenues par la « Task force peste porcine » afin de prévenir la propagation de la peste porcine africaine sur le territoire luxembourgeois.

Les ministres réunis en conseil ont marqué leur accord avec le projet de loi portant approbation du Protocole au Traité de l'Atlantique Nord sur l'accession de la République de Macédoine du Nord, signé à Bruxelles, le 6 février 2019.

Communiqué par le ministère d'État/SIP

Back to Top
CIM LOGO