Nodeems d‘Gewerkschaften an d’Patronat ewell de ganze Mëttwoch ze Moie mat engem Deel vun der Regierung am Finanzministère beienee souzen, huet de Premier Bettel d’Tripartite lo iwwerraschend am grousse Krees op Senneng convoquéiert.
RTL-Informatiounen no leien d’Vuen aktuell wäit auserneen: Nom Refus am OGBL-Nationalcomité fir d’Kompromëss-Propose vu leschter Woch unzehuelen, fält et de Gewerkschafte schwéier mat enger Stëmm ze schwätzen. Wéi et heescht wieren d’gewerkschaftlech Fuerderungen iwwerdriwwen a kéinten net an der aktueller Form vu Regierung a Patronat acceptéiert a matgedroe ginn.
Um Dësch loung eisen Sourcen no eng Propositioun, déi virgesinn huet, datt déi Méint sollen kompenséiert ginn, wou d’Indextranche no hanne geréckelt gëtt. Wéi sou dacks ass ee sech net iwwert de Montant eens:
D’Regierung hat Kompensatioune fir Leit virgesinn, déi e Joresakommes vun 80.000 Euroen hunn - mee d’Gewerkschafte froen, datt dëse Montant sollt dat Duebelt ausmaachen - eppes wat net fir d’Regierung z’acceptéieren ass - dowéinst gouf dunn och d’Reunioun ënnerbrach a geet am grousse Krees mat de komplette Verhandlungsdelegatioune weider.
Kritik gouf et un der gewerkschaftlecher Propose, well se eng ronn 2 Milliarden Euro géif kaschten an och net selektiv oder cibléiert wier - Critèren, op déi ee sech awer an der Tripartite d’lescht Woch gëeenegt hat.
Wéi et RTL-Sourcen no heescht, stellt dës Maximal-Fuerderung e komplett A-Fro-Stelle vum Kompromëss duer, op dee sech prinzipiell gëeenegt gouf an deen u sech sollt um Donneschdeg ficeléiert ginn.
Eng animéiert Debatt ass sech deemno um Mëttwoch den Owend zu Senneng ze erwaarden, wou d’Sëtzung sech wäert bis spéit zéien wäert.