Debat iwwert PetitiounVue um Terrain an Zuele leien auserneen

Anne Wolff
Méi Ënnerstëtzung fir d'Kanner am Cycle 1, déi fréier Spillschoul an eng Klassegréisst vu maximal 16 Schüler. Dat huet eng Petitioun gefuerdert.

Beim Gespréich tëscht der Petitionärin an dem Educatiounsminister ass däitlech ginn, dass d’Vue vum Terrain an déi op d’Zuelen heiansdo ausernee ginn.

D‘Carla Carvalho ass Educatrice graduée a responsabel fir eng Maison relais zu Monnerech. Hält also selwer keng Schoul, an awer wier hir am Kontakt mat den Enseignanten opgefall, dass een déi Kleng am Cycle 1 besser encadréiere kéint:

Ech mierken einfach, dass d’Kanner heiansdo einfach verluer sinn, an d’Titulairë mat, well se einfach net méi wëssen, wéi se de Kanner hëllefe kënnen. Dat huet mech immens beschäftegt an dunn hunn ech mech och mat dem Probleem ausernee gesat a mech gefrot, wat ee maache kéint, fir dass d’Kanner net méi esou vill Problemer hunn”.

Den Educatiounsminister Claude Meisch hält Zuelen dogéint. D‘Klassegréisst léich an der Moyenne bei 14,8 Schüler pro Klass, also däitlech ënnert der Fuerderung vun der Petitionärin.

Dobäi kéim de Personalmanktem am Educatiounsberäich; et hätt een net genuch Educateure fir an all Cycle-Klass.

D‘Nancy Kemp-Arendt, Presidentin vun der Petitiounskommissioun, erkläert, d’Situatioun wier hei am Land relativ gutt mat 14,8 Schüler pro Titulaire.

Den Educatiounsminister wéilt dowéinst elo net nach virun de Walen eng weider Analys maachen. Déi géife souwisou reegelméisseg gemaach ginn, ma virun de Wale wier och kee Budget méi do, fir esou eng zousätzlech Analys.

D‘Petitionärin seet, si hätt wëllen d‘Diskussioun lancéieren, gëtt awer ze bedenken, dass Kanner keng politesch Agenda hätten.

Back to Top
CIM LOGO