Stad Lëtzebuerg deelt matVum 5.-7. Oktober ass de Lift fir an d'Pafendall ausser Betrib

RTL Lëtzebuerg
Fir weider informéiert an um aktuellste Stand ze bleiwen, proposéiert d'Stad Lëtzebuerg, dass d'Leit sech d'City-App VDL op hire Smartphone lueden.
Der Lift fir erof an d'Pafendall
© RTL

D'Stad Lëtzebuerg deelt en Donneschdeg mat, dass de Lift, deen d'Pafendall mat der Uewerstad verbënnt, vun e Méindeg den Owend, 5. Oktober 05:45 Auer, bis e Mëttwoch 7. Oktober am Nomëtteg wäert ausser Betrib sinn. Wéi et heescht, wäerten hei eng Partie Maintenance-Aarbechten duerchgefouert ginn.

Fir weider informéiert ze bleiwen, proposéiert d'Stad Lëtzebuerg, dass d'Leit sech d'City-App VDL op hire Smartphone lueden. Heiriwwer gëtt een zäitno um Lafende gehalen. Ënnert anerem kritt een hei Informatiounen iwwert den Zoustand vum Lift, d'Ouvertureszäiten, d'Datumer vun de Maintenance-Aarbechten oder wa Mol e Problem mam Lift ass.

Hei de Communiqué vun der Stad Lëtzebuerg!
L’ascenseur Pfaffenthal – Ville Haute<br>hors service du 5 au 7 octobre 2026

Back to Top
CIM LOGO