Där Hidden Champions een, sou de Wirtschaftsminister Franz Fayot. Bis den Horizont 2030 soll de Site zu Iechternach weider ausgebaut ginn, wou héichwäerteg Produkter fir d'Loft- a Raumfaart, respektiv d'Eisebunn an d'Schëfffaart produzéiert ginn.
Dëst Joer huet de Papp vum Betrib säi 87. Gebuertsdag gefeiert. De Rolf Mathias Alter huet e Freideg de Mëtteg den Ierfgroussherzog Guillaume duerch déi verschidde Produktiounshale gefouert, wou vun et awer keng Biller ginn, well et ze sensibel wier, fir Detailer aus der Produktioun ze weisen.
Séier versteet een awer, wourëm et geet. Een Zukunftsprojet erausgepickt: An enger neier Hal soll Keramik verschafft ginn.
Mir denken, datt dat fir d'Dronegeschäft fantastesch ass. Firwat? Wann e Radar eng Dron entdecke wëll an d'Dron aus Keramik ass, da ginn d'Stralen derduerch. Et kann ee se net detektéieren, sou de Rolf Mathias Alter.

Keramik an Titan sinn d'Wäertstoffer, op déi een an Zukunft nieft deen extreem liichten, awer ganz resistente Produkter mat där typescher Wabeform setze wäert. Dofir muss zolidd investéiert ginn. An déi lescht Zäit war keng einfach. Oktober 2019 hat ee Groussbrand kloer en Impakt op d'Pläng vum Management. Am Covid-Joer 2020 ass den Ëmsaz ëm 30 Prozent zeréckgaangen. An awer sollen elo 150 Milliounen Euro investéiert ginn a 750 nei Aarbechtsplaze bis 2030 geschaf ginn. Aktuell schaffe virop däitsch Staatsbierger am Betrib un der Grenz.
Euro Composites huet d'Léieren aus der Kris gezunn. Dir hutt et verstanen, iech unzepassen. Dir konnt iech och nees séier erhuelen. Op Basis vun néien Nischen, vun neie Produkter, déi der ons elo virgestallt hutt, esou de Wirtschaftsminister Franz Fayot.
E Succès, deen awer och e Präis huet. Eng 786.000 Euro un Investissementer gi vum Wirtschaftsministère am Kader vum Programme Neistart iwwerholl. Geld fir eng Firma, déi sech zanter 1984 kloer zum Standuert Lëtzebuerg bekannt.
Mir sinn hei Gewuess. Hei zu Lëtzebuerg. Hei hu mir ugefaangen. Net anzwousch anescht. Mat zwee Kolleegen an 6 Millioune Schold, sou de Papp vun Euro Composites.