Coronavirus zu Lëtzebuerg Vun 1.817 Tester waren der 99 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weider bei 835 läit.
© RTL

Aktuell sinn 23 Persounen hospitaliséiert, dovunner 7 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 788.514 Impf-Dosisse genotzt. 33 Leit kruten e Méindeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 28 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO