Coronavirus zu LëtzebuergVun 12.347 Tester waren der 774 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, bei 147 bliwwen ass.

Dat sinn elo am Ganze 15.659 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 1.030.089 Tester gemaach.

Aktuell sinn 132 Patienten hospitaliséiert, dovunner 16 op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,240. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport Journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO