Coronavirus zu LëtzebuergVun 13.579 Tester waren der 387 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 762 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell sinn 139 Persounen hospitaliséiert, dovunner 32 op der Intensivstatioun, dovunner een aus dem Grand-Est.
 
2.363 Mënsche kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis, fir 2.013 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 117.137 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,63. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO