PoliceVun 193 Alkoholtester waren der 3 positiv, 1 Führerschäin agezunn

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend huet d'Police ënnert anerem zu Rëmeleng an zu Esch gréisser Alkoholkontrolle gemaach.

Tëscht 19.30 an 21 Auer war op Uerder vum Procureur d'Etat eng Kontroll zu Rëmeleng, Rue des Martyrs. Hei goufen 108 Automobiliste kontrolléiert. An 2 Fäll war den Test positiv, an engem Fall gouf de Führerschäin agezunn.

Tëscht 22 an 23 Auer gouf dunn nach zu Esch un Boulevard Charles de Gaulle kontrolléiert. Hei hat 1 Automobilist vu 85 ze vill gedronk.

Op Esch-Belval an engem Elektrogeschäft hat e Freideg eng Persoun versicht Smartphonen ze klauen. D'Sécherheetspersonal huet de Mann gestoppt. D'Police gouf geruff an de Mann gouf festgeholl. Eng Sécherheetspersoun gouf liicht verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO