Coronavirus zu LëtzebuergVun 2.690 Tester waren der 161 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuele vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 842 läit.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 30 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 9 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 806.395 Impf-Dosisse genotzt. 782 Leit kruten e Méindeg hir 1. Dosis gesprëtzt, fir 330 Persoune war et déi 2. Impfung. 414.992 Awunner gëllen als komplett geimpft.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,08. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO