
Aktuell si 35 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 10 Patienten op der Intensivstatioun. Ee Patient aus der Belsch läit ausserdeem de Moment zu Lëtzebuerg op der Normalstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 811.155 Impf-Dosisse genotzt. 775 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt, fir 1.583 Persoune war et déi 2. Impfung. 415.745 Awunner gëllen als komplett geimpft.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,08. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.