Coronavirus zu LëtzebuergVun 3.607 Tester waren der 85 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weider bei 833 läit.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 37 Persounen hospitaliséiert, dovunner 10 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 770.501 Impf-Dosisse genotzt. 451 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 402 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,99. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO