Coronavirus zu LëtzebuergVun 3.745 Tester waren der 239 positiv, eng Persoun gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuele vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 843 läit.
© RTL Archivbild

Aktuell sinn 26 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 9 Patienten op der Intensivstatioun. Ee Patient aus der Belsch läit ausserdeem de Moment zu Lëtzebuerg op der Normalstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 808.801 Impf-Dosisse genotzt. 844 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt, fir 1.548 Persoune war et déi 2. Impfung. 415.448 Awunner gëllen als komplett geimpft.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,15. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO