Coronavirus zu LëtzebuergVun 3.910 Tester waren der 1.284 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.019 bleift.
© RTL-Archivbild

Aktuell si 37 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 4 Patienten op der Intensivstatioun. E Mëttwoch goufen 181 Re-Infektioune festgestallt. Den Ament ginn et 15.244 aktiv Infektiounen, 187.598 Leit sinn nees gesond.

Am Ganze goufe bis ewell 1.273.451 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 231,81 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 191,12 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,03. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO