Coronavirus zu LëtzebuergVun 3.954 Tester waren der 130 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weider bei 830 läit.
© RTL

Aktuell si 26 Persounen hospitaliséiert, dovunner 5 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 757.407 Impf-Dosisse genotzt. 497 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 632 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,11. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO