Coronavirus zu LëtzebuergVun 4.013 Tester waren der 182 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weiderhi bei 843 läit.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 32 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 11 Patienten op der Intensivstatioun. Ee Patient aus der Belsch läit ausserdeem de Moment zu Lëtzebuerg op der Normalstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 813.161 Impf-Dosisse genotzt. 817 Leit kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt, fir 1.203 Persoune war et déi 2. Impfung. 420.403 Awunner gëllen als komplett geimpft.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,06. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO