Coronavirus zu LëtzebuergVun 5.938 Tester waren der 214 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, bei 133 bliwwen ass.

Aktuell sinn 53 Leit hospitaliséiert, 4 Persoune dovunner leien op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.727 aktiv Infektiounen. 8.384 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,21.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO