
Aktuell sinn 11 Persounen hospitaliséiert. Eng dovunner ass op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.289.789 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfungen si Boosteren: 533 waren ergänzend Dosen, wärend sech just 4 Leit fir eng éischt Impfung decidéiert hunn, zwee fir den zweete Vaccin.
Bei 43 Persounen ass eng Re-Infektioun festgestallt ginn.
D’Reproduktiounszuel läit bei 0,97. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.