Coronavirus zu LëtzebuergVun 8.089 Tester waren der 14 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 818 bliwwen ass.
© RTL-Archivbild

Aktuell si 5 Persounen hospitaliséiert, dovunner 2 op der Intensivstatioun. De leschten Doudesfall gouf den 1. Juni gemellt.

Am Ganze goufe bis ewell 512.584 Dosisse genotzt. 5.243 Leit kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 1.349 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,69. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO