Coronavirus zu LëtzebuergVun 8.442 Tester waren der 83 positiv, dorënner 68 Residenten

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 114 bliwwen ass.

D'Altersmoyenne vun den 114 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 83 positiv geteste Patienten, 68 vun hinne si Residenten, 15 Non-Residenten. Dat fir den 29. Juli. Et goufen um Mëttwoch 8.442 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze  6.616 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 420.265 Tester gemaach. Vun den 8.442 Tester, déi den 29. Juli duerchgefouert goufen, waren der 83 positiv.

Aktuell sinn 63 (+4) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden),  6 (+2) Patiente sinn aktuell op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO