
Aktuell sinn 12 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun. Ee Mënsch ass en Dënschdeg a Verbindung mat enger Corona-Infektioun gestuerwen.
Am Ganze goufe bis ewell 1.289.925 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfungen si Boosteren: 282 waren ergänzend Dosen, wärend sech just siwe Leit fir eng éischt Impfung decidéiert hunn. Bei 12 Leit war et déi zweet Dosis.
Bei 69 Persounen ass eng Re-Infektioun festgestallt ginn.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,23. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.