Coronavirus zu LëtzebuergVun 979 PCR-Tester waren der 107 positiv, 2 weider Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 2 op 1.151 geklommen ass.
© RTL

Aktuell sinn 13 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit den Ament ee Patient op der Intensivstatioun.

58 Persounen hu sech eng weider Kéier mam Coronavirus infizéiert.

Am Ganze goufe bis ewell 1.291.774 Impfdosisse genotzt. All d’Impfungen e Méindeg ware Boosteren: 147 waren ergänzend Dosen. Deemno hu keng Persoune sech fir d’éischt oder fir d’zweet Kéier impfe gelooss.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,78. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO