
Nodeems Mëtt des Mounts annoncéiert gi war, datt d'Mëllechbauere vun der Genossenschaft Prolek an d'Luxlait sech iwwert eng Zesummenaarbecht eens gi sinn, ass elo och gewosst, wéi vill Betriber de Kontrakt effektiv ënnerschriwwen hunn. Vun den 68 Prolek-Membere ginn der 50 bei d'Luxlait. Vun deenen aneren 18 ginn der dem Prolek-President Vic Wirtz no zwee bei eng Molkerei, bei déi se scho virdrun nieft der EKABE geliwwert hunn, eng hallef Dose Betriber hält op a beim Rescht wier nach net ganz kloer, wou de Wee higeet. Déi 10 Betriber hätten net bei eng genossenschaftlech organiséiert Molkerei, wéi d'Luxlait eng ass, wëlle goen. Dozou de Vic Wirtz:
"Mir respektéiere ganz déi Decisioun, déi all eenzele Betrib geholl huet, jidderee war fräi a konnt fräi entscheede wat e wollt. Wat eis ganz begeeschtert, ass, datt mir ganz vill jonk Betribsleeder op eise Wee kënne mathuelen an och mat enger ganz héijer Duerchschnëttsproduktioun pro Betrib."
Et ass iwwerdeems ze héieren, datt déi 10 Betriber bei den hollännesche Grupp Royal A-ware ginn. Ob déi Betriber, déi net bei der Luxlait ënnerschriwwen hunn, weider Member bei der Prolek bleiwen oder net, wier nach net gekläert. Bis den 1. Abrëll dat nächst Joer géing sech op alle Fall mol näischt änneren. Den 1. Abrëll 2027 lafen d'Kontrakter, déi déi 68 Betriber bei der EKABE haten, aus. De franséische Grupp Lactalis, zu deem d'EKABE gehéiert, hat jo Enn Mee annoncéiert, d'Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Baueren net virunzeféieren.
Den Direkter vun der Luxlait Gilles Gerard weist sech zwar zefridden, ënnersträicht awer och, datt hie fir d'Zukunft op een Ëmdenke vum Consommateur hofft.
"Sauver des exploitations et conserver une agriculture vivante net dépend pas uniquement de Luxlait bien évidemment. Et lorsqu'on choisit un produit luxembourgeois, ou Luxlait bien évidemment, fabriqué avec du lait luxembourgeois, on soutient directement les producteurs, les emplois, l'économie et la souveraineté alimentaire au pays et ça je trouve que c'est vraiment important. Et la solidarité, elle doit aussi se traduir dans les choix qu'on fait en fait autant que consommateur chaque jour dans les magasins."
Elo missten nach d'Kontrakter an d'Volumme validéiert ginn. A well et sech ëm grouss Volummen handele géing, misst och nach d'Kollekt gekläert ginn. Wann alles no Plang lafe géing, kéint een déi nächst Woch dann déi definitiv Rettung vun deene 50 Betriber feieren.