
Rezent ass vum Gesondheetsministère de Rapport iwwer den Drogekonsum hei am Land publizéiert ginn. Den CSV-Deputéierte Max Hengel wollt dofir wëssen, wat een dogéint wéilt ënnerhuelen, dass d’Consomatioun vu Kokain géing an d’Luucht goen. Och wollt hie konkret Chifferen. Déi huet him d’LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert awer net geliwwert. Si huet just d’Tendenz confirméiert. An Zukunft wéilt ee verstäerkt op d’Ofwaasseranalyse sëtzen, fir de Konsum hei am Land ze suivéieren. Zesumme mam nationale Gesondheetslabo (LNS) wieren esou genau Analyse méiglech, a wéi enge Quartiere consomméiert gëtt, an souguer zu wéi engen Zäiten an Deeg. Den DP-Deputéierten André Bauler hat dann och eng Fro un d’Gesondheetsministesch. Hien wollt wëssen, ob et ugeduecht ass och op anere Plazen, wéi an der Zita-Klinik, Knachendichtmiessungen duerchzeféieren. D’Ministesch sot, et wier een dobäi dat ze analyséieren. D’Nofro vun anere Spideeler wier do. Viru Fréijoer wier awer net mat engem Resultat ze rechnen.
Nodeems et zum fatalen Accident op der Aussiichtsplattform Däiwelsinsel am Mëllerdall komm ass, bei deem en 9 Joer ale Bouf säi Liewe gelooss huet, wollt de Jeff Engelen (ADR) wëssen, ob ee wëlles huet, do Schëlder opzestellen. Den DP-Tourismusminister huet drop higewisen, dass d’Enquête vun der Police nach amgaange wier. De Staat wier awer weder Exploitant, nach Proprietär vun deem Site. Et géing awer all Aktioun fir eng Securisatioun vum Site ënnerstëtzen, wann dat néideg wier.
Dono ass et ëm d’Ofholze vum Bësch um Schumannseck bei Wolz gaangen. «Wien eng Surface vu méi wéi 50 Ar wëll ofholzen, brauch eng Autorisatioun», huet d’Ëmweltministesch vun déi Gréng, d’Joëlle Welfring erkläert. Dat nodeems de Carlo Weber (LSAP) wollt wëssen, wou d’Affär dru wier, wou Ugangs 2022 illegal Bësch ofgeholzt gi war. Nodeems de Parquet agegraff hätt, wier d’Remorque an d’Holz confisquéiert ginn, sot d’Ministesch. 5 Méint méi spéit stéing dës awer ëmmer nach um Parking, sou de Carlo Weber. D’Ministesch ënnersträicht, dass d’Affär beim Parquet léich a si do näischt kéint maachen.
Wéi ass et da lo mam Google-Datazenter? Jo oder nee? Dat wollt den CSV-Deputéierte Laurent Mosar vum LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot wëssen. Et géing keen neie Moment ginn, sot dësen. Google géing awer seng Presenz hei am Land opbaue mat engem «deconnectéierten, souveräne Cloud». Bedeit eng Cloud, déi net op enger amerikanescher Plattform baséiert ass, mee just hei. Dobäi géing et sech ëm e Projet tëscht Google, Proximus a Luxsonnect handelen.
Den DP-Deputéierte Gusty Graas war da besuergt, wat aus dem Projet vun der Energieinsel an Dänemark gëtt, wou Lëtzebuerg dran investéiert. Dat nodeems verschidde Medie gemellt hunn, dass dësen a Fro géing gestallt ginn. Den Energieminister vun Déi Gréng, de Claude Turmes, huet berouegt. Hien hätt e Gespréich mam dänesche Minister gehat. Et géing hei just ëm d’Ëmsetzung vum Bau goen. De Projet wier net a Gefor.