Et ass net jidderengem esou bewosst, mee wann ee Proprietär ass vun enger Wiss, engem Feld oder engem Stéck Bësch, ass ee vun der Nei-Opdeelung vun de Juegdlouse concernéiert. Am Numm vum Ëmweltministère huet d'Naturverwaltung d'Kaart vum Land iwwerschafft, a well d'Lousen nach no urale Grenzen definéiert waren, gouf eng nei Landkaart gemoolt. Dass déi awer net all Mënsch zu paass kënnt, konnt een e Méindeg den Owend op der Generalversammlung vun de Juegdsyndikater mat erliewen.
D'Zäit, wou ee konnt géint d'Opdeelung vun de Juegdlouse protestéieren, ass eriwwer. Ronn 200 offiziell Reklamatioune goungen un d'Naturverwaltung. D'Federatioun vun de Juegsyndikater grad wéi d'Jeeërfederatioun, zielen elo op de Versteesdemech an de gesonde Mënscheverstand vun der Administratioun.
Als Proprietär brauch een elo näischt Extraes ze ënnerhuelen, d'Baile lafe bis Enn Mäerz 2021; d'Louse ginn nei verpacht.
Wann d'Federatioun vun de Juegdsyndikater op eng Generalversammlung invitéiert, kann ee sécher sinn, dass kee Stull am Sall méi fräi bleift.
Esou war et och e Méindeg den Owend zu Mäerzeg. En Ament ginn et am Land 606 Juegdlousen, an deene Privatleit hir Wiss, e Stéck Bësch oder Feld leien hunn, an hir Interessie gi vun de Juegdsyndikater vertrueden. Deenen hiren Daachverband ass mam Ëmweltministère senger nei Neiopdeelung vun de Juegdlousen net averstanen. Op kee Fall dierfte nämlech am neie Plang, Lousen dra sinn, déi fir d'Juegd guer näischt daachen...MK...
Mir schwätze scho Jore laang vun engem Gesetz vun 2011, iwwer deem seng Konsequenze wuel kee sech Gedanke gemaach huet. Den héichgelueften Droit de Propriété, wou ass deen dann elo hei, freet ee sech an de Juegdsyndikater.
Och de Gast Welbes aus dem Comité vun der Federatioun seet, datt et net ka sinn, datt eng Grenz vun engem Lous elo duerch e Bësch gezu gëtt, just well dat vun der Opdeelung hier besser ass. Um Terrain kommen doduerch awer eng ganz Partie negativ Aspekter. Dat d'Lousen awer nei hu missten opgedeelt ginn, fënnt de Gast Welbes richteg.
Et ass ee Feeler, deen net vun haut a gëschter kënnt, mä vu viru Joren. En direkten Impakt, op een, deen e Stéck Bësch, Feld oder Wiss huet, hätt dat hei elo net, ma en Indirekte schonn, erkläert de Gast Welbes. Dem Proprietär vun engem Terrain ännert a Priori näischt. Déi Leit awer, déi Terraine bewirtschaften, kréien nach vill méi Problemer, ma weider op där Basis geschafft gëtt. Dat och, well mer hei zu Lëtzebuerg vill Wëllschwäin hunn.
Villes ass net gekläert, och wann d'Verwaltung de Contraire behaapt, soen d'Jeeër. Hire Vizepresident bedauert, grad wéi de Representant vun de Juegdsyndikater, dass et alt nees eng Kéier keen Dialog gouf. Elo géif alles iwwert de Knéi gebrach, fënnt de Marc Reiter.
Elo kënnt eng Kaart, déi déi nei Juegdlousen wäert ausweisen an dobäi d'Nott, datt dat Reglement den 1. Dezember muss a Kraaft trieden. Hei kritt de Staatsrot also gesot, datt hie seng Aarbecht bis dohi soll gemaach hunn. Donieft sinn d'Jeeër awer schonn zanter 2 Joer dobäi, bei der Verwaltung nozefroen, wéi een am Timing géif leien. Vun do koum da just d'Äntwert, datt ee gutt Zäit hätt. Et gesäit een elo, datt gutt Usätz do sinn an awer gouf vill verplempert. Elo muss nach vill gemaach ginn, fir dat et anstänneg an a gudden Termen iwwert d'Bühn geet.
A wie sech elo, wéi esou munch aneren, nach ëmmer freet, wat eigentlech de Problem ass, lauschtert sech d'Positioun vun der zoustänneger Verwaltung un. An déi vum Morns Pierri, engem Huldanger, dee sech opreegt, datt d'Jeeër vum Stad dirigéiert ginn. Et ass méi wéi e Schlamassel.
Wéi déi aner dat gesinn, de Staat, zielen a weise mer iech en Dënschdeg den Owend am Journal op der Tëlee.