
Zu Meechtem hat en Automobilist géint hallwer 2 stall gehalen, well en Insekt a sengem Won ronderëm geflunn ass. Dobäi ass den Auto an d'Musel gerullt.
Et ass kengem eppes geschitt. Den Auto gouf méi spéit vun de Secouristen aus dem Floss gezunn.
Den 112 mellt dann e méi e schwéiert Accident. Tëschent dem Irgäertchen a Sandweiler sinn en Dënschdeg géint hallwer 4 en Auto an e Moto kollidéiert. Eng Persoun gouf schwéier verwonnt.
E weidert Accident gouf et op der N12 tëscht dem Katrewang an Dondel. Hei ass een Auto an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.